De Schwäizer Tennisspiller muss sech fir d'drëtte Kéier um rietse Knéi operéiere loossen a wäert dëst Joer wuel net méi op d'ATP-Tour zeréckkommen.

"Ech wäert fir vill Woche Kretsche brauchen a si fir vill Méint raus", sou de Roger Federer eng Woch no sengem 40. Gebuertsdag an engem Instagram-Video.

Den 20-fache Grand-Slam-Champion hat fir d'lescht seng Participatioun beim ATP-Masters zu Toronto a Cincinnati ofgesot, de Start bei de US Open (vum 30. August un) stoung an de Stären. Elo steet fest, datt de Federer net dobäi wäert sinn, dat wéinst senger Operatioun um Knéi.

De Schwäizer, dee wéinst senge Knéi-Problemer schonn op d'Olympesch Spiller zu Tokio verzicht hat, wëll kämpfen. D'Enn vu senger Karriär ass weider keen Thema. "Ech hoffen, datt ech op d'Tour zeréckkomme wäert. Ma ech si realistesch", sou de Federer, "ech weess wéi schwiereg et an deem Alter ass, fir nees operéiert ze ginn."