Op der Europameeschterschaft zu Riga a Lettland wënnt d'Kenza Cossu bei de Cadetten d'Sëlwermedail.

D'Lëtzebuergerin huet sech an der Finall bis 63 Kilo just der Däitscher Nele Noack musse geschloe ginn.

An den Halleffinallen huet sech d'Judoka vu Bouneweg géint d'Lisa Tretnjak duerchgesat. D'Éisträicherin ass d'Nummer 11 op der Welt.

Do virdrun huet d'Kenza Cossu sech an de Véierelsfinalle géint déi aktuell Nummer 3 op der Welt, d'Tschechin Anna Skalska behaapt.

D'Kenza Cossu ass an deem Ranking op der 45. Plaz.

RTL