Grond fir dës Decisioun ass Péng am lénkse Fouss. Et ass eng eeler Blessur, déi hien awer zanter engem Joer nees méi plot.

No Récksprooch mat der Famill a sengem Trainer huet hien decidéiert, ze pausen. Dëst huet de Spuenier op Facebook bekannt ginn.

D'Blessur ass keng nei. Sie staamt dem Rafael Nadal no aus dem Joer 2005.

Dëst Joer huet hie scho Wimbledon an d'Olympesch Spiller verletzungsbedéngt verpasst. Elo dann och d'US-Open.