Den Australier ass just 33 Joer al ginn. Wourun hie gestuerwen ass, ass nach net public.

"The Orginal" war ee vun de beléiftste Spiller vum britteschen Dartsverband Professional Darts Corporation (PDC). Seng Profikarriär huet 2006 bei der British Darts Organisation (BDO) ugefaangen, 2012 goung et du bei d'PDC. Ee Joer méi spéit huet hie fir déi éischte Kéier un der Darts-Weltmeeschterschaft am Alexandra Palace zu London deelgeholl. 2014 huet de Kyle Anderson an 2 vu 7 Matcher een Néngdarter op der Darts-WM geworf.

Säi gréisste Succès konnt den Australier am Joer 2017 mam Gewënn vun den Auckland Masters, engem Turnéier vun der World Series, feieren. 2020 hat hie sech mam Coronavirus infizéiert an huet doropshin nëmmen nach un Online-Turnéieren deelgeholl. Am Ufank vum Joer krut hie seng Tour Card zeréck.