Déi 23-fach Grand-Slam-Gewënnerin hat sech zu Wimbledon ee Muskelfaserrass um Uewerschenkel zougezunn an hat doropshi missen opginn.

"No laanger Iwwerleeung hunn ech zesumme mat mengen Dokteren decidéiert, datt et besser wier, d'US-Open ofzesoen a mäin Muskelfaserrass ganz heelen ze loossen", sou d'Serena Williams e Mëttwoch op Instagram.