De Belsch war vun 2001 bis 2013 President vum internationalen olympesche Comité.

De Jacques Rogge ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen, dat huet den IOC e Sonndeg confirméiert.

De geléierte Chirurg hat a senger Mandatsperiod als President vum internationalen olympesche Comité der Korruptioun an dem Dopping am Sport de Kampf ugesot. Ënnert dem Rogge senger Féierung krut den IOC och eng Observateursroll bei der Uno.

2013 hat den aktuelle President Thomas Bach d’Relève vum Rogge iwwerholl.