Bei de US-Open ass d’Sensatioun perfekt. Déi 19 Joer jonk Kanadierin Leylah Fernandez steet an der Finall géint déi 18 Joer jonk Brittin Emma Raducanu.

D’Fernandez huet d'Nummer 2 vun der Welt, d'Aryna Sabalenka, an 3 Sätz an der éischter Halleffinall eliminéiert (7:6, 4:6 a 6:4).

An der 2. Halleffinall huet d'Raducanu géint d’Griichin Maria Sakkari glat an 2 Sätz gewonnen, mat 6:1 a 6:4.

RTL

Emma Raducanu / © AFP

D'Raducanu steet am WTA-Ranking op Plaz 150, d'Leylah Fernandez op der 73.

D'Finall vun den Dammen ass e Samschdeg den Owend eiser Zäit geplangt.