Aue verléiert mat 1:4 géint Paderborn. Iwwerdeems huet de Maxime Chanot an der Nuecht op e Sonndeg 2:1 mat New York City géint Cincinnati gewonnen.

E Méindeg den Owend huet op Zypern Ethnikos Achnas mam Tim Hall mat 1:2 géint Anorthosis Famagusta de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger huet de Match duerchgespillt.

An der 2. Divisioun a Portugal huet Vilafranquese zu Coimbra mat 2:1 gewonnen. Den Eric Veiga, deen de Match duerchgespillt huet, huet den 1:1 vum Mickael Moura virbereet a krut an der 96. Minutt déi giel Kaart gewisen.

Sonndeg

E Sonndeg de Mëtteg stoung den Dirk Carlson an der 2. Bundesliga an Däitschland an der Partie Aue géint Paderborn vun Ufank un um Terrain. No enger net esou gudder Hallschent, bei där Aue no 45 Minutte scho mat 0:3 am Réckstand louch, gouf den FLF-Spiller dunn an der Paus fir de Bussmann ausgewiesselt. Aue huet um Enn mat 1:4 verluer. No der Néierlag ass dunn d'Informatioun komm, dass sech Aue vum Trainer Shpilevski getrennt huet. Paderborn setzt sech no der Victoire un déi 1. Plaz an der Tabell.

Beim 1:1 vun Troyes géint Montpellier an der Ligue 1 a Frankräich ass de Lëtzebuerger Gerson Rodrigues an der 64. Minutt fir den Dingome agewiesselt ginn. Kuerz viru Schluss ass dunn de Gäscht nach den Ausgläich gelongen. Um Enn geet de Match 1:1 aus. Troyes läit an der Tabell op der 14. Plaz.

An der 1. Liga an der Ukrain stounge bei der 2:0-Victoire vu Worskla Poltawa géint Minaj weder den Olivier nach de Vincent Thill am Kader vun der Lokalekipp.

PFK Lviv huet sech iwwerdeems ouni Goler vu Metalist getrennt. Den Enes Mahmutovic huet fir Lviv déi 90 Minutten duerchgespillt. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller steet op der leschter Tabelleplaz mat nëmmen dräi Punkten um Konto.

De Vahid Selimovic ass a Griicheland beim 3:3-Gläich vu senger Ekipp Kreta géint Athen iwwer déi 90 Minutten net zum Asaz komm. Den Ausgläich fir Kreta ass an der Nospillzäit gefall.

An och de Sébastien Thill sollt um Sonndeg net an den Asaz kommen. Hie souz wéi och de Selimovic iwwer 90 Minutten op der Bänk. Sheriff Tiraspol huet 1:1 géint Zimbru Chisinau gespillt.

De Maxime Chanot stoung bei der 2:1-Victoire vun New York géint Cincinnati de ganze Match um Terrain. New York steet mat 38 Punkten op der 3. Plaz an der Tabell.

Samschdeg

Saarbrécken gewënnt an der 3. däitscher Liga mam Maurice Deville, deen an der 81. Minutt agewiesselt gouf, doheem mat 3:1 géint Turkgucu München. Domat steet d'Ekipp aus dem Saarland no 9 Spilldeeg mat 15 Punkten op der 5. Plaz.

An der Bundesliga Mainz spillt mam Leandro Barreiro doheem 0:0 gläich géint Freiburg. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain, gouf awer an der 78. Minutt ausgewiesselt.

Den Anthony Moris huet mat Royal Union St.Gilloise um 8. Spilldag vun der belscher Jupiler League mat 2:1 géint Waregem gewonnen a bleift domadder vir an der Tabell mat dobäi. Bei dëser Victoire stoung de Lëtzebuerger Nationalgolkipp nees tëscht de Pottoen.

Fir den Danel Sinani an Huddersfield war et kee ganz erfollegräiche Samschdeg. D'Ekipp huet 0:2 géint Nottingham verluer. De Lëtzebuerger huet de Match duerchgespillt.

Freideg

Am hollännesche Championnat  huet sech Sparta Rotterdam e Freideg den Owend ee Punkt geséchert. Vun Nijmegen huet sech Sparta Rotterdam mat den Nationalspiller Mica Pinto a Laurent Jans e Freideg mat engem 1:1 getrennt. De Pinot stoung an den éischten Eelef, de Jans gouf an der 80. Minutt agewiesselt.