E Sonndeg kuerz no der Finall vum WTA-Tournoi op der Kockelscheier koum d'Nouvelle, datt et déi leschte Kéier war, datt dësen Tournoi organiséiert gouf.

Dat hunn d'Organisateuren offiziell kommunizéiert. Et géif nächsten Hierscht wuel en Tennis-Event ginn, awer kee WTA-Tournoi méi.

De Mariage tëscht der Associatioun vum Profi Dammen Tennis an de Lëtzebuerger Organisateuren ass net an de beschten Thermen auserneegaangen. D'WTA huet awer och alles dofir gemaach.

Kee WTA-Tennis méi op der Kockelscheier / Franky Hippert

Et ginn e ganze Koup Grënn, firwat eng Zesummenaarbecht mat der WTA fir d'Dan Maas, d'Direktesch vum WTA Tennis Tournoi op der Kockelscheier, an Zukunft net méi a Fro kënnt: "Vu Mëtt August u waren d'Verhandlunge mat der WTA, do ware mer zimmlech opposéiert wat de CovidCheck ugeet. Dann hate mer deen en place, da si mer erëm vun der WTA ëmgepucht ginn."

Déi ganz Diskussioune ronderëm de CovidCheck waren awer just d'Kiischt um Kuch, wéi d'Tournoidirektesch seet:

"Et geet scho u mat der Woch, direkt no de US Open, et war alles ganz schwiereg, et huet ee gemierkt, datt d'WTA no Covid ganz anescht fonctionéiert wéi virdrun. Et war d'WTA seet, a mir hunn ze maachen."

D'definitiv Decisioun fir opzehalen, ass an der Mëtt vun der leschter Woch gefall:

"Mir hunn ugefrot, fir dem Mandy säi Match e Mëttwoch no 6 Auer als Haaptmatch ze hunn. Dat war einfach net méiglech, dat war, wéi wa mir chinesesch geschwat hätten."

D'Dan Maas huet awer schonn ugekënnegt, datt et och 2021 en Event gëtt:

"Deen all Mënsch frou mécht, an eise But ass jo Dammentennis ze promouvéieren an d'Land Lëtzebuerg duerch den Dammentennis zu promouvéieren. D'Leit solle net traureg sinn. Et geet eng Dier zou, mä et geet och eng risen Dier op."

Wéi dat dann ausgesäit, deelt d'Dan Maas mat hirer Ekipp Enn dës Joers mat.

D'Directrice vum Tournoi, d'Dan Maas war dann och eis Invitée am Sportjournal op der Tëlee.