De Schauspiller Tom Felton ass en Donneschdeg wärend dem Evenement zu Haven aus ongekläerte Grënn kollabéiert an huet missen an d'Spidol gefouert ginn.

Den Tom Felton, deen ënnert anerem aus den Harry-Potter-Filmer bekannt ass, hat fir Europa beim Golfturnéier fir Promie matgemaach, wéi hien zesummegebrach ass. De Museker wier net méi aus eegener Kraaft opkomm an huet missen medezinesch versuergt ginn.

Bis e well ginn et keng Informatiounen, wisou de Felton, deen een Dag virdrun 34 Joer al gi war, kollabéiert ass. Wéi den Organisateur PGA matdeelt, wier hien awer bei Bewosstsinn gewiescht, wéi hien oftransportéiert gouf.