D'Lëtzebuergerin setzt sech an hire 5 Matcher an der Kategorie ënnert 55 Kilogramm duerch.

Den Tournoi zu Stroosse war mat 766 Participanten aus 21 Natioune gutt besat. An der Kategorie vun der Karateka aus dem COSL-Elitekader waren 22 Athletinnen aus 8 verschiddene Länner ugemellt.

No dëser gudder Performance steet fir d'Jenny Warling den nächste Weekend d'K1 Premier League (-55 Kilogramm) zu Moskau um Programm. Fir zu Moskau kënnen deel ze huelen, muss een ënnert den Top 200 vun der Welt sinn.

Matcher

1. Match:
OUIHADDADENE Sabrina (FRA) - WARLING Jenny (LUX) 0:8

2.Match:
WARLING Jenny - LALLO Viola (ITA): 2:1

3. Match:
WARLING Jenny - DUPONT Lauralie (FRA): 7:6

Halleffinall:
VOEGELIN Florence (SUI) - WARLING Jenny: 3:0

Finall:
VOEGELIN Amélie (SUI) - WARLING Jenny: 5:1