Beim Héichpunkt vun de Réiser Päerdsdeeg huet sech Stephanie Holmén aus Holland d'Victoire geséchert.

E Sonndeg stoung bei der 29. Editioun vun de Réiser Päerdsdeeg mam CSI 3 Stäre Grand-Prix den Héichpunkt um Programm. Beim staark besaten Tournoi konnt sech um Enn d'Stephanie Holmen aus Schweden d'Victoire sécheren. Si ass am Stiechen déi séiersten Zäit geridden a konnt sech iwwert e Präisgeld vun 12.775 Euro freeën. Op déi zweete Plaz ass d'Hollännerin Kim Emmen komm an d'Lëtzebuergerin Viktoria Häussler konnt sech duerch eng staark Leeschtung déi drëtte Plaz sécheren.

De Marcel Ewen ass deen 10. ginn.

Klickt hei, fir op d'Resultater ze kommen.