De Lëtzebuerger hat e Retard vu ronn 3 Minutten op de Gewënner Dorian Coninx aus Frankräich.

De Weekend war zu Valencia a Spuenien d'Europameeschterschaft iwwert déi olympesch Distanz am Triathlon. Um Enn konnt sech de Fransous Dorian Coninx den Titel sécheren. Hien hat eng Avance vun 19 Sekonnen op de Roberto Sanchez aus Spuenien. Drëtten ass de Spuenier Antonio Serrat op 38 Sekonne ginn.

De Bob Haller huet sech als 25. op 3 Minutten a 15 Sekonne klasséiert.

Beim Para-Triathlon ass de Joe Kurt de 4. ginn.