23 Athletinnen aus 14 Natioune si beim K1 Premier-League-Tournoi zu Moskau a Russland an der Kategorie -55 Kilogramm ugetrueden.

Um Enn koum d'Lëtzebuergerin op déi 3. Plaz. Am Match ëm drëtt Plaz huet d'Jenny Warling sech e Sonndeg mat 7:2 géint d'Valeria Kumizaki duerchgesat.

De Parcours vun der Lëtzebuergerin

1. Match: Fräilous

2.Match:

KUVLOVA Hana (SVK) - WARLING Jenny: 0:2

3. Match:

BRUNORI Veronica (ITA) - WARLING Jenny: 0:3
Halleffinall:

CHERNYSHEVA Anna (RUS) (European Champion 2021/WorldRanking 7) - WARLING Jenny: 5:1

Repêchage:

KUMIZAKI Valeria (BRA - WorldRanking 6) - WARLING Jenny 2:7