De Samschdeg de Moie war zu Schëtter de 75. Kongress vun der Tennis-Federatioun.

De Conseil d'Administratioun, ronderëm de President Claude Lamberty, gouf fir ee weidert Mandat confirméiert. Trotz schwieregen Ëmstänn konnt aus finanzieller Siicht d'Joer mat engem Benefice vu ronn 64.000 Euro ofgeschloss ginn.

D'FLT ass den Ament hannert dem Futtball déi zweet gréisste Sport-Federatioun bei eis am Land. Doriwwer ass de President Caude Lamberty frou. Allerdéngs bréngt dat op administrativem Plang awer och Problemer mat sech, erkläert de Claude Lamberty:

Knapp 16.000 Tennisspiller. Dovunner spillen der aktiv mat Lizenz eng 6.000. Et ass een enormen Zäitopwand. Mir sinn domadder eng ganz grouss Federatioun, mir funktionéieren awer am strukturelle komplett am Benevolat. Mir sinn der Meenung, an dat hu mir de Veräiner och esou gesot, datt mir een haaptamtleche Manager brauchen, fir déi Aufgabe méi professionell a méi séier ze bewältegen.

De Claude Lamberty geet dovunner aus, datt an den nächste Joren de sougenannten "Padle Tennis" eng ëmmer méi wichteg Roll wäert spillen. Den FLT-President ass a senger Ried och op de Congé sportif agaangen. Aktuell hunn déi eenzel Federatioune 50 Deeg ze gutt:

Dat geet ganz oft fir gréisser Federatiounen net duer, well eebe vill Aktivitéit um Terrain ass. A Corona-Zäite war dat bëssen anescht. Mä elo, wou mir an d'Sortie de crise kommen, respektiv sinn, wäerten och d'Aktivitéiten nees méi grouss ginn an do muss eng Reform kommen. Dat huet och jiddwereen erkannt an ech si gespaant, wat um Enn an d'Gesetz wäert stoe kommen. Mir si schonn a Virgespréicher mam Ministère. Ech wëll net ze vill an den Detail goen, mä ech sinn optimistesch, datt de Minister Kersch do ee ganz flotte Projet wäert presentéieren, deen d'Federatiounen - an ech denken och d'Clibb - wäert no vir bréngen.

Op der ganz roueger Generalversammlung, wou et keng Wuertmeldungen goufen, gouf nach festgehalen, datt d'Finalle vum Interclub Championnat op der Schéiss organiséiert ginn an déi nächst Generalversammlung zu Bieles ass.