De Weekend goufen an de Feelenerhecken déi nei Lëtzebuerger Championen am Dressurreide gesicht.

Bei der Elite konnt sech den Nicolas Wagner den Titel sécheren. De Lëtzebuerger hat dëst Joer jo och Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller vertrueden.

Bei de Seniore war d'Kristine Möller déi Bescht. Bei den Debutant ass den Titel un d'Channa Seyler gaangen. Bei de Junioren un d'Liv Dondelinger. Bei den "Junge Reiter" huet sech den Tim Löffler déi éischt Plaz geséchert. Bei den Amateure konnt sech d'Lisa Arent iwwert den Titel freeën.