De Jim Zeimes konnt sech e Samschdeg an der Klamm-Disziplin vum Bouldere beim Continental Youth Cup zu Soure a Portugal fir d'Finall qualifizéieren.

De jonke Lëtzebuerger huet 3 Top'en a 5 Zonen an hat sech als 8. vun 38 Sportler fir d'Finall um Sonndeg qualifizéiert. An och an der Finall gouf de Lëtzebuerger den Aachten.

De Lëtzebuerger Simon Apsner gouf mat 1 Top an 3 Zonen den 29. vun 38.