Fir déi nächst annerhallef Saison huet hie bei Wolz ënnerschriwwen an zitt domadder e Schlussstréch ënnert seng Karriär als Spiller.

Virun zwee Deeg hat den Dan Huet de Posten op der Bänk vum Veräin aus dem Éislek mat Effet immediat geraumt. Hie war sechs Joer de Mann op der Bänk. Aktuell steet Wolz no 9 Spilldeeg mat 12. Punkten op der 11. Plaz an der héchster Lëtzebuerger Divisioun.