Wéi de Veräin en Dënschdeg bestätegt huet, huet sech de VfL mam fréieren Trainer vu Werder Bremen op eng Zesummenaarbecht bis 2023 gëeenegt.

Domadder iwwerhëlt hien de Poste vum entloossene Mark Van Bommel, dee wéinst der negativer sportlecher Entwécklung den Hutt hat missen huelen. Säin Debut wäert de Kohfeldt e Samschdeg um 15.30 Auer géint Bayer Leverkusen ginn.