De Weltverband vum Moderne Fënnefkampf soll engem Bericht no decidéiert hunn, d'Discipline Reiden an Zukunft duerch de Cyclissem ze ersetzen.

Dës Reegelännerung wëll de brittesche "Guardian" aus e puer Quelle gewuer gi sinn, wéi d'Zeitung en Dënschdeg geschriwwen huet. D'Decisioun soll eng Reaktioun op de Reit-Eclat ronderëm d'Annika Schleu bei den Olympesche Spiller zu Tokio sinn.

D'Schleu war zesumme mat der däitscher Nationaltrainerin Kim Raisner fir hiert ëmstriddent Verhale beim Reiden hefteg kritiséiert ginn. Béid gouf Déierequälerei reprochéiert, nodeem d'Schleu mat der Gert versicht hat, dat hir zougelouste Päerd ënner Kontroll ze bréngen. D'Raisner hat dem Päerd eng mat der Fauscht ginn. Duerno war eng Debatt ronderëm d'Wuel vum Déier lassgetrëppelt ginn. Kär vun der Diskussioun ëm d'Reiden ass d'Zoulouse vu frieme Päerd fir d'Reider, déi dann nëmmen e puer Minutten Zäit hunn, sech mat den Déiere vertraut ze maachen.

Beim Weltverband UIPM gëtt et dem "Guardian" no den Ament eng Rei vu strategeschen Treffen iwwert d'Zukunft vum Sport. Fir en Donneschdeg huet d'UIPM ee Schreiwes mat Resultater ugekënnegt.