De Michael Carrick wäert als Interim d'Red Devils elo emol betreien.

Den Ole Gunnar Solskjaer ass net méi Trainer vu Manchester United. Een Dag nom 1:4-Debakel géint den FC Watford huet den englesche Rekordmeeschter den 48 Joer alen Trainer entlooss.

De Michael Carrick wäert als Interim d'Red Devils elo emol betreien.

Manchester United hat véier vun de leschte fënnef Partien an der Premier League verluer.

Als méigleche Successeur gëtt de Zinedine Zidane gehandelt. De Fransous huet dräi Mol d’Champions League mat Real gewonnen an ass den Ament am Sabbatical.