An der Finall konnt sech d'Oceane Dodin aus Frankräich kloer géint d'Anna Kubareva aus Belarus duerchsetzen.

Beim ITF-Tennis-Tournoi zu Péiteng konnt sech an der Finall déi op Nummer 1 gesate Franséisin Oceane Dodin kloer an 2 Sätz mat 6:3 a 6:1 géint d'Anna Kubareva aus Belarus duerchsetzen a gewënnt domadder den Tournoi. D'Franséisin hat an der Véierelsfinall och schonn d'Mandy Minella eliminéiert.