Bei der 19. Editioun vum Trail Uewersauer huet sech de Pitt Schneider d’Victoire geséchert an ass domadder och Lëtzebuerger Champion.

De Sven Remakel hat no den 51 Kilometer als Zweeten e Retard vu knapp 30 Sekonnen. Drëtten ass de Scott Toby ginn. Hien hat e Réckstand vun 8 Minutten. Den Tony Veigas ass als Véierten ukomm a ka sech iwwert déi 3. Plaz am Championnat freeën.

Extrait Pitt Schneider

Bei den Damme konnt sech d'Erika Chaari aus Däitschland duerchsetzen. Mat engem Retard vu ronn 12 Sekonnen kënnt d'Sonny Eschette virum Véronique Hansen op déi 2. Plaz. De Championstitel ass fir d'Véronique Hansen.

Extrait Véronique Hansen

Iwwer 30 Kilometer gouf et eng Victoire fir d’Franziska Schneider aus Däitschland an de Francois Reding aus der Belsch.

D’Stephanie Peller an de Sylvain Georis aus der Belsch hu sech d’Victoire iwwer 11 Kilometer geséchert.

Ronn 1.000 Leefer a Leeferinne ware bei der 19. Editioun mat dobäi.