E Spriecher vum Ausseministère huet gesot, et wier besser, verschidde Leit géifen ophalen, dat express a béiswëlleg opzebauschen an ze politiséieren.

Et war dëst um Dënschdeg déi éischte Kéier, dass e Regierungsvertrieder sech offiziell zum Thema manifestéiert huet.

RTL

Zhao Lijian

International gëtt sech grouss Suergen ëm d'Tennisspillerin Peng Shuai gemaach. Si gouf iwwer 2 Wochen net an der Ëffentlechkeet gesinn, nodeems si den 2. November Vergewaltegungsvirwërf géint den héije kommunistesche Parteifunktionär Zhang Gaoli verëffentlecht hat, dëst op der Onlineplattform Weibo, déi änlech wéi Twitter funktionéiert. D'Virwërf goufe ganz séier nees vun de chineseschen Zensurautoritéiten aus dem Netz geläscht.

De Weekend gouf déi 35 Joer al Sportlerin eng éischte Kéier nees an der Ëffentlechkeet gesinn, wéi se zu Peking bei engem Tennis-Tournoi opgedaucht ass. Staatlech Medien hunn d'Biller dovunner verbreet.

Den IOC-President Thomas Bach huet dann och wësse gedoen, dass hien e Sonndeg mat hir telefonéiert hätt. Dofir gouf et nawell schaarf Kritik vun der Sportlervereenegung Global Athlete. Et ass de Reproche, den IOC géif sech "matschëlleg un der béiswëlleger Propaganda" maachen.

D'Tennisfederatioun WTA huet trotz dem Videocall mam IOC weider Bedenken. De Video géif näischt drun änneren, dass de Virworf vum sexuelle Mëssbrauch misst ënnersicht ginn, dat an enger fairer an transparenter Enquête. Schliisslech wier dat jo den Ausléiser vun der ganzer Affär.