D'US-Amerikanerin huet de Slalom virun den eegene Spectateure fir déi fënneft Kéier fir sech entscheet.

Am Slalom zu Killington gouf et e Sonndeg eng Victoire fir d'Mikaela Shiffrin. Duerch e staarken zweeten Duerchgang huet sech d'US-Amerikanerin mat engem Virsprong vun 0.75 Sekonne virun der Weltcup-Konkurrentin Petra Vlhova duerchgesat. Op déi drëtt Plaz ass d'Wendy Holdener aus der Schwäiz komm.

Am General stinn d'Mikaela Shiffrin an d'Petra Vlhova elo punktgläich mat 260 Punkten un der Spëtzt.