Et wäerten also keng diplomatesch oder offiziell Vertrieder aus Australien bei den Olympesche Spiller a China mat derbäi sinn.

No den USA huet elo och Australien en diplomatesche Boykott vun den olympesche Wanterspiller d'nächst Joer zu Peking decidéiert.

Hannergrond sinn d'Mënscherechtsverletzungen a China. Awer och datt Australien Atom-U-Booter kaaft huet. Wat schaarf vu Peking kritiséiert gouf.