An engem Video-Interview mat enger Zeitung aus Singapur sot d'Peng Shuai elo, dass Si ni sexuell attackéiert gi wier.

Genee dat gouf awer an engem Message vun hir op engem sozialen Netzwierk Ufank November esou verstanen. E féierenden héije Member aus dem chineesesche Politbüro hätt sech un hir vergraff. E Post, deen dono geläscht gouf, a vun der Spillerin war du wochelaang näischt ze héieren.

Elo seet Si, Si wier falsch verstane ginn.

Dat ganzt suergt fir Sträit tëscht der Tennis-Organisatioun WTA a China. D’WTA mengt, dass Drock op d’Shuai Peng gemaach gi wier, an huet Tournoien a China bis op Weideres mol ausgesat.