Déi fréier Nummer 1 am Darts Michael van Gerwen ass bei der Darts-WM zu London positiv op de Coronavirus getest ginn.

Nom positive Corona-Test ass d'Darts-Weltmeeschterschaft zu London fir de Michael van Gerwen fréizäiteg eriwwer, dat huet de Weltverband PDC en Dënschdeg e puer Stonne virum Match vum Hollänner matgedeelt.

Dem van Gerwen säi Géigner Chris Dobey aus England kritt fir de Match an der drëtter Ronn elo e Fräilous a steet domadder an den Aachtelsfinallen.

Et ass schonn den 3. Coronafall bei der Darts-WM an och nees en Hollänner. E Méindeg war d'WM eriwwer fir de Vincent van der Voort, do virdru war et de Rob Cross. Allebéid goufe positiv getest.

Den dräifachen Darts-Weltmeeschter van Gerwen huet nieft dem Titelverdeedeger Gerwyn Price (Wales) an dem Peter Wright aus Schottland zu de Favoritten op d'Victoire gezielt.

Den 3. Januar ass zu London d'Finall vun der Darts-WM.