De François Grailet ass beim Indoor-Meeting zu Louvain-la-Neuve iwwer 60 m Hecken en neie Lëtzebuerger Rekord gelaf.

Um Samschdeg war de François Grailet beim Indoor-Meeting an der Belsch am Asaz. Bei dëser Participatioun konnt de 27 Joer ale Lëtzebuerger Liichtathlet de Lëtzebuerger Rekord iwwer 60 m Hecken aus dem Joer 2007 vum Claude Godart knacken (8,03 Sekonnen). Mat senger Performance vu 7,89 Sekonnen konnt de François Grailet déi al Beschtzäit ëm 14 Honnertstel ënnerbidden.