De Riichter Kelly huet zu Melbourne entscheet, dass et net richteg war, dem Novak Djokovic säi Visa z'annuléieren.

Den Tennis-Star dierf an Australien bleiwen an hie sollt bannent 30 Minutten nees op fräiem Fouss sinn a seng privat Saachen zeréckkréien.

De Serb wëll jo un den Australian Open deelhuelen, fir hei seng 10. Victoire ze feieren, an domat säin 21. Succès bei engem Grand-Slam-Tournoi, wat en neie Rekord wier.

Hien huet mussen e puer Deeg an engem Quarantän-Hotel zu Melbourne verbréngen, nodeems déi australesch Grenz-Autoritéite seng Arees leschte Mëttwoch verhënnert haten.

Ob hien awer elo un den Australien Open dierf deelhuelen, ass nach net sécher, well d'australesch Regierung hat schonn ugekënnegt, op en Neits eng Annulatioun vum Djokovic sengem Visa préiwen ze wëllen.

Seng Affekoten hu sech drop behaapt, dass Ausnamegeneemegunge vun 2 onofhängege medezinesche Gremie virleien, déi him seng Arees méiglech solle maachen. Aus den Dossiere vum Geriicht geet ervir, dass hien de 16. Dezember positiv op de Coronavirus getest gouf. Deemno géif hien elo als geheelt gëllen.

Allerdéngs ass den Djokovic no sengem positive PCR-Test awer wuel net an Isolatioun gaangen, ma war den Dag selwer nach op engem ëffentlechen Evenement. Den Dag no sengem positiven Test war hie bei enger Präisiwwerreechung fir Nowuessspiller a sengem Novak Tennis Center. Ouni Mask huet hie mat de Kanner fir Fotoe poséiert. Och den 18. Dezember war hei bei engem weideren Evenement.

Dem Geriicht no misst den Djokovic spéitstens de 17. Dezember vu sengem positiven Test gewosst hunn an hätt domat aner Leit bewosst dem Risiko vun enger Infektioun ausgesat.

D’Nummer 1 vun der Welt dierf sech also nees fräi beweegen, mee sécher ass et nach net, dass den Djokovic un den Australian Open dierf deelhuelen.

Dofir kéint den australeschen Immigratiounsminister suergen. Wéi déi australesch Zeitung "The Age" schreift, kann den Alex Hawke vu sengem perséinlechen Recht Gebrauch maachen, fir de Visum nees opzehiewen, well den Djokovic net geimpft ass an esou eng Gefor fir de Gesondheetssystem an Australien géif duerstellen. Ob et dozou kënnt, ass nach net gewosst. Den Dossier géif aktuell gepréift ginn, heescht et.

Fir de Claude Lamberty, President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun, ass et kloer, dass e Spiller d’Reegele vun dem jeeweilege Land, wou gespillt gëtt, respektéiere muss. "Den Nadal huet gesot: ech hat Corona, ech si geimpft an ech hu kee Problem, fir hei oder soss iergendwou op der Welt ze spillen an dat ass fir mech och déi richteg Approche."

"Et ginn hei net vill Gewënner bei dëser ganzer Saach. Och déi australesch Regierung steet elo e bësse komesch do, mee ganz éierlech, den Djokovic ass e super Sportler an e groussen Athlet mat enger Virbildfunktioun an déi huet e Knacks kritt, well hien einfach den Androck vermëttelt, ech maachen hei, wat ech wëll. Dat kann ech guer net novollzéien.", esou de Claude Lamberty weider.

De Gilles Muller, dee laang um Proficircuit ënnerwee war an och géint den Djokovic gespillt huet, ass der Meenung, dass de Serb eng positiv Energie aus dem ganze wäert zéien. Allerdéngs kéint den Titelverdeedeger de Publik géint sech hunn. "D’Australier waren elo 2 Joer quasi am Dauer-Lockdown a wann do elo esou ee kënnt, dee sech do eraschläicht, da sinn déi bestëmmt net ganz frou doriwwer. Dat kann ech och verstoen, well dat ass eng op de Bak, wann ee selwer net dierf virun déi eegen Hausdier goen an da kënnt en Tennisspiller aus dem Ausland, deen eng Extrawurscht kritt, fir Tennis ze spillen. Déi wäerten dat bestëmmt net ganz gutt ophuelen."

D’Australian Open gi vum 17. bis den 30. Januar gespillt an den Djokovic kéint den Tournoi fir déi 10. Kéier gewannen a wier da mat 21 Grand-Slam-Titelen eleng Rekordchampion.