Wéi dem serbeschen Tennis-Star seng Affekote matdeelen, géif hien zu Melbourne festgehale ginn, wärend e Geriicht säin Appell géint d'Exklusioun préift.

Den australeschen Immigratiounsminister hat jo dem Novak Djokovic säi Visum nees annuléiert, obwuel puer Deeg virdrun e Geriicht de Visum fir gëlteg erkläert hat.

D'Regierung argumentéiert, dass den Openthalt vum ongeimpften Tennisspiller am Land eng "Anti-Impf-Stëmmung" kéint fërderen.

E Sonndeg de Moien 9.30 Auer Lokalzäit soll um Bundesgeriicht gekläert ginn, op de Weltranglëschtenéischten am Land däerf bleiwen an un den Australian Open zu Melbourne däerf deelhuelen oder net.

Sollt hien ausgewise ginn, riskéiert hie fir 3 Joer net méi dierfen an Australien anzereesen.

Bis eng Decisioun gefall ass, muss den Djokovic an engem Hotel bleiwen, wou Leit ënnerbruecht sinn, deenen hiren Openthaltsstatus gepréift gëtt.

RTL