E Sonndeg stoung bei den Dammen an den Hären d'Poursuite am bayresche Ruhpolding um Programm.

Op der Poursuite vun den Dammen huet sech d'Marte Olsbu iwwer 10 Kilometer eng weider Victoire geséchert. D'Leaderin aus dem General konnt sech zu Ruhpolding virun den zwou schwedesche Schwësteren Elvida an Hanna Öberg behaapten.

Bei den Häre konnt de Quentin Fillon Maillet d'Poursuite iwwer 12,5 Kilometer gewannen. De Fransous huet sech zu Ruhpolding trotz zwee Feelschëss virum Alexander Loginov an dem Anton Smolski duerchgesat.