Den Norweger huet sech nom éischten Duerchgang verbessert an huet domat de Karl Geiger hannert sech gelooss.

E Sonndeg de Mëtteg waren d'Schisprénger am polnesche Zakopane gefuerdert. D'Victoire séchert sech um Enn de Marius Lindvik virum Karl Geiger aus Däitschland an dem Slowen Anze Lanisek.

De Leader aus dem General, Ryoyu Kobayashi, huet et duerch e schwaachen zweete Sprong nëmmen op déi véiert Plaz gepackt.