E Méindeg den Owend goufen d'"Best"-Awards vun der Fifa iwwerreecht.

De Lionel Messi, de Robert Lewandowski an de Mohamed Salah stoungen zur Auswiel, fir Weltfuttballer vum Joer ze ginn. Um Enn konnt sech de Robert Lewandowski freeën. De Profi vum FC Bayern München huet domadder säin Titel verdeedegt.

Bei der Präisiwwerreechung vum Ballon d'Or, der prestigiéister Auszeechnung an der Futtball-Welt, hat de Lewandowski nach dem Lionel Messi de Virtrëtt misse loossen.

Bei de Frae goung den Titel un d'Alexia Putellas vum FC Barcelona. Si huet sech géint d'Jennifer Hermoso (FC Barcelona) an d'Sam Kerr (FC Chelsea) duerchgesat.

Den Thomas Tuchel, Trainer vum FC Chelsea, gouf als Welttrainer vum Joer ausgezeechent. Iwwert den Titel als Weltrainer(in) vun enger Fraenekipp konnt sech d'Emma Hayes (FC Chelsea) freeën.

De Fifa-Weltfuttballer 2021 gouf opgrond vun de Leeschtungen tëscht dem 8. Oktober 2020 an dem 6. (bei de Fraen), respektiv dem 7. (bei de Männer) August 2021 gewielt.

Den Iwwerbléck vun de Selektionéierten an de Gewënner

Weltfuttballer vum Joer
Robert Lewandowski (FC Bayern München)
Lionel Messi (FC Barcelona/Paris Saint-Germain)
Mohamed Salah (FC Liverpool)

Weltfuttballerin vum Joer

Jennifer Hermoso (FC Barcelona)
Sam Kerr (FC Chelsea)
Alexia Putellas (FC Barcelona)

Welttrainer vum Joer

Pep Guardiola (Manchester City)
Roberto Mancini (Nationalekipp Italien)
Thomas Tuchel (FC Chelsea)

Welttrainer(in) vun enger Fraenekipp

Lluís Cortes (FC Barcelona)
Emma Hayes (FC Chelsea)
Sarina Wiegman (Hollännesch Nationalekipp/England)

Weltgolkipp vum Joer

Gianluigi Donnarumma (AC Mailand/Paris Saint-Germain)
Edouard Mendy (FC Chelsea)
Manuel Neuer (FC Bayern München)

Weltgolkipperin vum Joer

Ann-Katrin Berger (FC Chelsea)
Christiane Endler (Paris Saint-Germain/Olympique Lyonnais)
Stephanie Lynn Marie Labbé (FC Rosengard/Paris Saint-Germain)

Fairplay-Präis: Dänesch Nationalekipp