De Lëtzebuerger Olympesche Comité huet e Mëttwoch d'Selektioun fir d'Wanterspiller an engem Communiqué bekannt ginn.

Zréckbehale goufen de Matthieu Osch an d'Gwyneth ten Raa. Alle béid wäerten am Schi-Alpin a China mat dobäi sinn.

Déi Olympesch Wanterspiller zu Peking si vum 4. bis den 20. Februar.

Déi Decisioun huet de Bureau Exécutif vum Cosl geholl. Et konnt een dovunner ausgoen, datt de Matthieu Osch géif selektionéiert ginn. Fir hie sinn et no de Spiller viru 4 Joer zu PyeongChang a Südkorea déi zweeten Olympesch Spiller. Den Directeur Technique vum Cosl, Heinz Thews, ass sécher, datt de Matthieu Osch zu Peking net wäert enttäuschen. D'Resultater a Virfeld schwätzen dofir eng kloer Sprooch. Ech erënneren un déi Top 30-Placéierung bei der leschter WM. Säin Zil ass ganz kloer, fir sech bei den olympesche Courssen ze verbesseren. Dat ass him no de gudden Trainingen absolut zouzetrauen.

E bëssen iwwerraschend ass d'Selektioun vum Gwyneth ten Raa, mat grad emol 16 Joer. D'Lëtzebuergerin huet sech awer an de leschte Méint enorm entwéckelt. Fir den Heinz Thews geet et zu Peking awer virun allem drëm, fir Erfarungen ze sammelen.

Olympesch Loft opzehuelen an ze kucken, wat do anescht ass. Wéi d'Atmosphär an d'Spannung do ass. Erfarungen ze sammelen an déi fir déi nächsten Entwécklungsphas ze huelen an nach méi séier ze ginn.

Et waren nach dräi Athleten an der Course fir Olympia. De Laangleefer Kari Peters, de Shorttracker Peter Murphy an de Jeff Bauer am Skeleton. Si 3 goufen awer net zeréckbehalen.

Hei fannt Dir de komplette Programm vun de Lëtzebuerg bei den Olympesche Wanterspiller 2022.

Kari Peters net nominéiert

5 potenziell Lëtzebuerger Kandidate goufen et fir d'Olympesch Wanterspiller zu Peking. 3 vun deene goufen net zeréck behalen an een dovunner ass de Laangleefer Kari Peters. Fir hien hätten et kéinten déi zweet Olympesch Spiller ginn. De Kari Peters war nämlech schonns bei de Wanterspiller virun 8 Joer zu Sotschi a Russland mat dobäi.

D'Viraussetzungen fir vum COSL selektionéiert ze ginn, waren dëse Wanter awer net gutt. Am Hierscht hat de Lëtzebuerger nämlech mat Erkältungen ze kämpfen, déi hie ronn 5 Wochen hannendra geworf hunn. D'Enttäuschung, datt et mat Peking elo net geklappt huet, ass natierlech do.

Kari Peters: Et war d'Zil vun deene leschten 8 Joer. Déi ganz Verletzungen an och aner Problemer déi d'Saach erschwéiert hunn, hunn ech gutt iwwerwonne kritt. Et ass elo domm gaangen, datt d'Erkältung am Hierscht koum. Ech konnt esou meng Form vun de leschten 1 1/2 Joer net weisen. 

De Kari Peters hat a sech just de leschte Weekend d'Chance, fir sech fir Peking ze qualifizéieren. A Spuenien ass et awer alles anescht wéi optimal gelaf. Ënnert anerem mat enger Chute direkt um Depart.

 

Kari Peters: Iwwerrascht war ech net. Ech war mir sécher, datt déi Courssen am Summer net géifen ugeholl ginn. Fir awer ze soen, datt d'Form net géif stemmen ass net de Fall. Bei enger Course kann een net vu Form schwätzen. D'Falen an duerno aus dem Konzept geholl ze ginn, dréit jo zu der schlechter Course bäi.

Och wann et mat der 2 Participatioun fir de 36 Joer ale Kari Peters net geklappt huet, weess hien awer dat et ouni Elite Sport-Sektioun vun der Arméi déi leschte 14 Joer iwwerhaapt net méiglech gewiescht wier, fir seng Sportaart op deem Niveau ze praktizéieren.

Kari Peters: Ouni si wieren déi leschte Joren net méiglech gewiescht. Si hunn a ville Situatiounen, mir an och anere Sportler, de Réck fräi gehalen an eis et esou erméiglecht eise Sport auszeüben.

De Kari Peters wëll sech nach net definitiv op seng sportlech Zukunft festleeën, hie kéint sech awer nach virstellen, op der Weltmeeschterschaft iwwer 15 Kilometer Skating un den Depart ze goen.