Nodeems Keelen-WM, déi zu Péiteng am Juli sollt organiséiert ginn, ofgesot ginn ass, gouf elo bekannt, dass d'Weltmeeschterschaft zu Tréier gespillt gëtt.

D'Lëtzebuerger Federatioun freet sech, dass mat Tréier relativ schëtzeg en neien Organisateur fonnt ginn ass. "Tréier ass aus Lëtzebuerger Sicht optimal wéinst der kuerzer Distanz. Dat vereinfacht d'Virbereedung a erliichtert et de Supporter, eis Sportler ënnerstëtzen ze kommen. Dozou kënnt, dass zënter Joren den däitsche Veräin eng etlech Lëtzebuerger Spiller a senge Reien zielt", esou de Jean-Marc Hoffmann, Vizepresident vun der FLQ an enger éischter Reaktioun.

D'Weltmeeschterschaft zu Tréier gëtt vum 15. bis den 23. Juli 2022 gespillt.