Nieft dem Scholdsproch muss den F91 dem Guy Hellers och eng finanziell Entschiedegung zoukomme loossen.

Fënnef Joer huet Geriichtsaffär tëscht dem Guy Hellers an dem F91 Diddeleng gedauert. Am Juni 2016 hat de fréiere Futtballnationaltrainer, an ëm déi Zäit Sportdirekter zu Diddeleng, de Stull beim F91 virun d'Dier gesat kritt. Als Grond huet de Veräi vum deemolege Mäzen Flavio Becca uginn, datt de Poste vum Sportdirekter iwwerflësseg gi wier.

An 1. Instanz an och am Appell huet d'Geriicht e kloren "licenciement abusif" géint de Futtballveräin aus der Forge du Sud ausgeschwat. D'Affekote vum Veräin haten ënnert anerem probéiert, de sportleche Projet vum fréiere Profi vum Standard vu Léck zu Diddeleng a Fro ze stellen. D'Geriicht huet dat awer verworf.

Nieft dem Scholdsproch muss den F91 dem Guy Hellers och eng finanziell Entschiedegung zoukomme loossen.