Den Daniil Medvedev huet sech mat 6:7, 3:6, 7:6, 7:5 a 6:4 géint de jonke Kanadier Félix Auger-Aliassime duerchgesat.

De Russ kritt et elo mam Stefanos Tsitsipas ze dinn. De Griich huet sengersäits kloer mat 6:3, 6:4 a 6:2 géint de Jannik Sinner gewonnen.

Den Italiener Berettini wënnt a 5 Sätz (6:4, 6:4, 3:6, 3:6, 6:2) géint de Fransous Gaël Monfils. An der Ronn vun deene leschte 4 kritt de Berrettini et mam Rafael Nadal ze dinn. De Spuenier huet sech jo a 5 Sätz (3:6, 4:6, 6:4, 6:3, 3:6) géint de Kanadier Denis Shapovalov duerchgesat.

Bei den Damme stinn iwwerdeems d'Madison Keys an d'Nummer 1 op der Welt Ashleigh Barty an den Halleffinallen.

D'Keys, d'Nummer 51 op der Welt, huet sech an 2 Sätz (6:3, 6:2) géint d'Barbora Krejcikova, d'Nummer 4 op der Welt, duerchgesat. D'Barty huet d'Jessica Pegula (WTA 21) och kloer an 2 Sätz (6:2, 6:0) geklappt.

Nieft der Australierin Ashleigh Barty, huet sech och Danielle Rose Collins fir d‘Final vun den Australien Open am Tennis qualifizéiert. D‘US Amerikanerin setzt sech an 2 Säz mat 6-4 a 6-1 géint d‘Iga Swiatek aus Polen duerch. Déi jonk Polin hat mat 4:6, 7:6 a 6:3 géint d'Kaia Kanepi aus Estland gewonnen, iwwerdeems sech d'Danielle Collins aus den USA mat 7:5 a 6:1 géint d'Alizé Cornet aus Frankräich duerchsetze konnt.