No ronn 20 Joer gouf d'Pist an der Coque komplett nei gemaach
Beim Betriede vun der Arena vun der Coque gëtt de Bléck vu Blo ugezunn. Awer net nëmmen d'Faarf ass nei. Et war un der Zäit fir gréisser Changementer.
No ronn 20 Joer hat déi al Pist déi beschten Zäit hannert sech. Ëmmer méi dacks gouf et technesch Problemer an et huet ëmmer méi missen dru gefléckt ginn. 2021 gouf dofir eng nei Pist en place gesat.
D'Teppecher vun der Sprintpist an der Coque goufen duerch e feste Belag ersat. Doduercher soll d'Verletzungsgefor reduzéiert ginn an d'Pist dat ganzt Joer iwwer kënne benotzt ginn.
Déi al 200 Meter laang Lafpist gouf erausgerappt an duerch eng méi stabil Konstruktioun ersat. Eng stole Konstruktioun vu 70.000 Kilogramm, 4.720 Quadratmeter Buedembelag, 56 Tonne Granulat an e Koup Holz. Dat Ganzt huet missten tëschent Abrëll an Ufank September iwwert d'Bün goen. D'Pandemie huet dës Entreprise net méi einfach gemaach. Virun allem beim Material gouf et Problemer, fir dat zur Zäit erbäizekréien.
D'Konstruktioun an d'Ausgesinn ass dat eent, d'Funktionalitéit dat anert. An do zielt d'Urteel vun den Experten, nämlech den Athleten. Net nëmme vun de lëtzebuergeschen Athleten, ma och vun auslänneschen héiert ee Luef.
Hätte mir elo nach d'Akustik op der Héicht.