Laang hat sech e Wiessel vum Topstiermer vum BVB ugedeit, elo melle Manchester City an Dortmund, datt si se sech eens iwwert de Verkaf vum Norweger sinn.

Medien no soll den Haaland e Vertrag bis 2027 ënnerschriwwen hunn an Dortmund wäert fir den 21 Joer jonken Offensivspiller tëscht 75 an 90 Milliounen Euro kréien, wéi et an enger Klausel a sengem Vertrag festgehalen ass. An 88 Matcher huet den Haaland 85 Goler fir de BVB geschoss an huet mat hinnen den DFB-Pokal gewonnen.

Kuerz drop huet de BVB bekannt ginn, datt si de Karim Adeyemi bis 2027 ënner Kontrakt geholl hunn. Den 20 Joer jonken däitschen Nationalspiller wiesselt fir ronn 30 Millioune vum éisträichesche Seriëmeeschter Red Bull Salzburg op Dortmund. A sengen 3 Joer bei Salzburg huet hien an 92 Matcher 33 Goler geschoss an 23 Virlage ginn.