En Dënschdeg de Moien huet d'UEFA zu Wien bekannt ginn, wou den éischten an de leschte Match vun der Futtball-EM 2024 gespillt gëtt.

Zu Berlin decidéiert sech, wien den neien Europameeschter gëtt.

Den Exekutiv-Comité vun der Europäescher Futtball-Union UEFA huet de Berliner Olympiastadion fir d'Finall de 14. Juli ausgewielt. D'Ouverture, déi genau ee Mount virdru stattfënnt, gëtt zu München an der Allianz Arena gespillt.

Déi 51 Partië goufen op 10 verschidde Stadien opgedeelt. Déi meescht Partien, insgesamt 6, ginn zu Berlin, Dortmund a München gespillt. Déi mannste krute Gelsenkirchen a Leipzig mat jeeweils 4. 5 Matcher ginn allkéiers zu Düsseldorf, Frankfurt, Hamburg, Köln a Stuttgart gespillt.

Déi béid Halleffinalle sinn den 9. Juli zu München an den 10. Juli zu Dortmund. D'Véierelsfinalle ginn zu Hamburg a Stuttgart (béid de 5. Juli) souwéi zu Berlin an Düsseldorf (béid de 6. Juli) gespillt.