Den U.N. Käerjeng huet dëst an engem Communiqué bekannt ginn. Den 58 Joer alen Trainer ënnerschreift ee Kontrakt bis 2025.

Viru manner wéi enger Woch huet Käerjeng den Opstig mat engem 2:2-Remis géint Biissen kloer gemaach. Als Trainer war de Marc Thomé beim CS Uewerkuer, zu Rëmeleng, Gréiwemaacher, Déifferdeng, op der Jeunesse a bis Enn vun dëser Saison zu Rouspert aktiv.

De momentane Käerjenger Trainer David Zenner hat jo scho virun ronn 2 Méint matgedeelt, datt hien dem Veräin d’nächst Joer net géif als Trainer zur Verfügung stoen.