An der nordamerikanescher Major League Soccer konnte sech de Maxime Chanot an den New York City FC iwwert e Succès freeën.

Donneschdeg

An Dänemark an der Ofstigsgrupp vun der 2. Liga gouf et en Donneschdeg fir Jammerbugt eng 0:2-Néierlag géint HB Koge. Aus Lëtzebuerger Siicht kruten den Ikene, den Natami, de Gomes an de Pimentel ze spillen. Jammerbugt stoung jo schonns de Weekend als Ofsteiger fest.

An der Nuecht op en Donneschdeg huet den New York City FC an der MLS mat 2:0 bei DC United gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Maxime Chanot gouf an der 56. Minutt ausgewiesselt. New York steet an der Tabell vun der Eastern Division aktuell op der 2. Plaz.

Mëttwoch

Um aachte Spilldag vun der zweeter schwedescher Liga hunn e Mëttwoch den Owend Skovde an Örebro 0:0 gespillt. De Lëtzebuerger Vincent Thill stoung bei de Gäscht an der Startformatioun a gouf no 78 Minutten ausgewiesselt. Örebro steet aktuell op der aachter Plaz an der Tabell.

De Lëtzebuerger Nationalspiller Vahid Selimovic verléisst de griicheschen Éischtligist OFI Kreta. Zanter 2020 huet de Vahid Selimovic fir de Veräin a Griicheland gespillt. 30 Mol stoung hien um Terrain an huet ee Gol geschoss. Säi Kontrakt wier nach bis 2023 gaangen.