"An deenen 12 Joer hunn ech dat doten an deem Sënn nach net erlieft", war d'Reaktioun vum Trainer, nodeems de Sinani fir d'Nations League ofgesprongen ass.

Tëscht dem 4. an dem 14. Juni spillt d'Futtball-Nationalekipp 4 Matcher vun der Nations League. Fir d'éischt auswäerts géint Litauen an d'Färöer Inselen an duerno heiheem géint Tierkei an d'Färöer Inselen. E Freideg huet de Luc Holtz de provisoresche Kader fir dës Matcher erausginn.

Nodeems de Lars Gerson puer Matcher net dobäi war, ass de Spiller vu Kongsvinger an Norwegen nees ënner de 26 Spiller, déi vum Luc Holtz zeréckbehale goufen. Mam Fabio Lohei vu Metz an dem Sofiane Ikene vun Diddeleng sinn der och zwee am Kader, déi dës Woch mat der U17 op der Europameeschterschaft mat dobäi sinn. Och den Dejvid Sinani vum F91 wollt de Luc Holtz eng éischte Kéier am Dress vun der Nationalekipp gesinn. De Brudder vum Danel Sinani wollt awer net.
"D'Fro, déi hie mir gestallt huet, war, a wéi engem Beräich ech hie géif gesinn. Ech hunn him dat erkläert. Den Dejvid huet relativ vill ëm de Bräi geréiert. Hie wier midd, duerch eng laang Saison mat sengem Veräin an hien hätt bëssen um Adducteur wéi a bësse Patati Patata. De fin mot vun der Geschicht war dann, datt ech hie gefrot hunn, ob hie prett wier, fir d'Nationalekipp ze spillen. Den Dejvid huet mir du gesot, datt hie sech net géif prett spiere fir ze spillen", sou de Luc Holtz. Eng Äntwert, déi hien zimmlech perplex gemaach huet:

"Ech mengen, an deenen 12 Joer hunn ech dat doten an deem Sënn nach net erlieft, datt ee Spiller mir seet, datt hien duerch eng Saison an der BGL Ligue midd wär, fir elo 4 Matcher mat der Nationalekipp ze spillen. Wa säi Bridderche mir dat gesot hätt, hätt ech villäicht Verständnis dofir gehat. Deen huet nëmmen englesch Wochen op engem héijen Niveau gedrummt. Bei mir perséinlech bleift do de Verstand stoen."

Op d'Fro hin, ob de Luc Holtz sech kéint virstellen, dem Dejvid Sinani d'Dier nach eng Kéier opzemaachen, fir datt hie fir d'Nationalekipp géif spillen, gouf et dës knapp Äntwert: "Hien huet se selwer zou gemaach. Fir datt hie se nees eng Kéier op mécht, muss hie fest zéien!"

Den éischte Match vun der Nations League spillen d'Rout Léiwen de 4. Juni op de Färöer Inselen.

De Kader

Am Gol: Moris A., Schon R., Fox L.

Defense: Jans L., Mahmutovic E., Pinto M., Martins M., Chanot M., Carlson D., Ikene S., Lohei F., Gerson L.

Mëttelfeld: Barreiro L., Thill S., Martins-Perreira C., Thill O., Thill V., Olesen M., Sinani D., Bohnert F.

Stuerm: Rodrigues G., Deville M., Borges Y., Muratovic E., Omosanya M., Curci A.

RTL