Aus dem internationale Futtball ass et d'Nouvelle, datt de Golkipp Manuel Neuer säi Kontrakt beim FC Bayern bis 2024 verlängert huet.

De 36 Joer ale Golkipp spillt zanter 2011 zu München an bleift deemno genee wéi den Thomas Müller beim Rekordchampion.

Wéi et weider geet mam Robert Lewandowski oder dem Serge Gnabry ass aktuell nach net gewosst. Hir Verträg lafen am nächste Summer aus.