De fréiere Coach vum FC Bayern a vu Frankfurt kënnt an d'Bundesliga zeréck. De Kroat huet beim VfL Wolfsburg ee Kontrakt bis 2025 ënnerschriwwen.

De Kovac war bis Januar Trainer vum AS Monaco. Mat Frankfurt hat de Kovac 2018 den DFB-Pokal gewonnen, mam FC Bayern München huet en dat Joer drop den Doublé geholl. Am November 2019 huet e musse beim däitsche Rekordchampion seng Saache paken, éier en dunn Trainer zu Monaco gouf.

De VfL Wolfsburg hat sech nom leschte Spilldag iwwerraschend vum Trainer Florian Kohfeldt getrennt.