Den 48 Joer alen Däitsche war fir d'lescht Trainer beim FC Zürich, mat deem hien dëst Joer iwwerraschend Champion gouf.

Virdru war hien ënner anerem Trainer bei Schalke, Hannover a Paderborn. Domat gëtt hien den Nofollger vum Sebastian Hoeness, vun deem sech de Veräin aus dem Kraichgau viru ronn enger Woch getrennt huet. De Breitenreiter ënnerschreift ee Kontrakt bis 2024.