
© AFP (Archiv)
De Stiermer Zlatan Ibrahimovic wäert dem AC Mailand an der schwedescher Nationalekipp no enger Knéi-Operatioun am Joer 2022 net méi zur Verfügung stoen.
Wéi den AC Maikand e Mëttwoch matgedeelt huet, fält de Routinier, deen am Oktober 41 Joer kritt, siwe bis aacht Méint aus.
Den Ibrahimovic, deen e Sonndeg mat de Mailänner säi fënneften italienesche Championstitel gewonnen huet, riskéiert domadder seng längste Paus a senger Karriär. 2017 war hie wéinst enger Blessur un de Kräizbänner iwwert een halleft Joer ausgefall.
Am meeschte gelies