An der Finall iwwer 100 Meter Réck huet den Thomas Ceccon bei der Schwamm-WM zu Budapest an Ungarn fir den éischte Weltrekord gesuergt.

An der Finall iwwer 100 Meter Réck huet den Italiener e Chrono vun 51 Sekonnen a 60 Honnertstel realiséiert an huet domat de sechs Joer ale Weltrekord vum US-Amerikaner Ryan Murphy ëm 25 Honnertstel verbessert. De Murphy huet e Méindeg Sëlwer gewonnen, dat viru sengem Landsmann Hunter Armstrong.