Um Site vun der UEFA ass en Dënschdeg ze liesen, datt d‘Partie an der Nations League wäert zu Istanbul gespillt ginn, dat am Fatih Terim Stadion.

Hei fanne ronn 17.000 Spectateure Plaz. De Match wäert den 22. September um 20.45 Auer ugepaff ginn. 3 Deeg drop spillt Lëtzebuerg fir den Ofschloss vun der Nations League heiheem géint Litauen.